Dës Formatioun riicht sech un Lycéesbibliothecairen aus dem Réseau bibnet.lu

 

 

Multikulturalitéit: eng Erausfuerderung fir d’Schoulbibliothéik?
Referenten : Antonia Ganeto, Pierre Diellissen (ikl)
Dauer : 1 Dag
Ziler :
  • Sech dem Afloss vun der Kultur op d’Erzéiung an d’Bildung bewosst ginn
  • Sech dem Afloss vun der Kultur op déi eege Siicht op d’Welt an op dat eegent Handele bewosst sinn
  • Kompetenzen entwéckelen, fir besser mat Leit aus anere Kulturkreeser kënnen ze kommunizéieren
  • Iddien entwéckelen, fir der Diversitéit an der Schoul ze begéinen
Inhalt :
  • Lëtzebuerg multikulturell: eng Bestandsopnam
  • Interkulturell Kommunikatioun a Kompetenzen
  • Afloss vu Kultur op d’Erzéiung an d’Bildung
  • Reflektioun an Diskussioun iwwer den Afloss vun der Interkulturalitéit op d’Aarbecht an der Schoulbibliothéik, mam Zil z’iwwerleeën, wéi een d’Inhalter vum Workshop kann um Terrain ëmsetzen.
Methoden : Präsentatiounen, Spiller, Übungen, Diskussiounen
Supports de cours / Ressources